Skip to main content

Luxembourg: SCA Champion

Lëtzebuerg gewennt den éischten Titel an dem Small Countries Association (SCA) Championship, fréier Small Countries Division (SCD) Heiheem. Géint staark Dammen aus Schotland setzen sech ein Red Lions mat 3-1 an der Finale duerch an secheren sech den Titel.

Den Weekend gouf héichkarätegen Volleyball an der Coque gewissen an em all Plaatz am Ranking gekämpft:

  1. LUXEMBOURG
  2. SCOTLAND
  3. FAROE ISLANDS
  4. NORTHERN IRELAND
  5. IRELAND
  6. GREENLAND

Déi éischt Fotoen fannt die hei:

  1. 11.05.2019 Luxembourg - Faroe Islands
  2. 12.05.2019 Scotland - Luxembourg
  3. 12.05.2019 Closing Ceremony
  • Created on .
  • Hits: 3282

2019 SCA Women Championship

Vum 10. bis den 12. Mee spillen eis Red Lion Ladies ëm d' Kroun vun de klenge Länner an der Small Countries Association an der Coque. Bäi am Ganzen 6 Equippen ginn et 2 Poolen wou Lëtzebuerg et mat Nordirland an dem Newcomer Grönland zedinn kréien. An där anerer Pool spillen Scottland, Irland an d'Färöer Inselen géinteneen. 

Hei fannt dir den Programm...

#SCAVOLLEYW2019

  • Created on .
  • Hits: 1490

2019 CEV European Championship

Eis Hären-Nationalequipe spillt aktuell d'Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft. Sie hun an den 4 läschten Matcher Top Leschtungen gewissen, och wann hieren Asaatz leider net emmer belount gouf. 

Geint Azerbaijan, verléieren eis Roud Léiwen knaps 3-2. Elo den Weekend awer hun sie no engem 0-2 Rëckstand, den Match komplett gedreint an gewannen mat 3-2 geit eng 15 Plaatzen besser klasséiert Equipe aus Schweden. Daat wor eng super Leschtung vun der ganzer Equipe a Staff!

Och wann daat aktuellt Klassement ären Asaatz an Leschtung net ganz reflektéiert, d'Géigner hun groussen Respekt virun iech an dir hutt an den Matcher gewissen dass dir op europäeschem Niveau positiv Resultater verbuchen kënnt.

  • Created on .
  • Hits: 1815