Skip to main content

Top Leeschtung...

... vun eisen roude Léiwen op den #FIVBMensWCH!

Firewech: Jungs dir hutt Grousses geleescht géint top europäesch Equippen, an iech den Respekt deen den Géigner iech entgéint bruecht huet méi wéi verdéngt! Är gestallten Zieler méi wéi iwwertraff, et kann een wierklech soen: mir sinn mächteg houfreg op iech!

Och wann dat plakegt Resultat, d'Placéierung an Artikelen an der Press är Leeschtungen an all de Matcher leider net op den éischten Bléck erkennen léist, sinn déi Leit déi den Detail kucken awer méi wéi begeeschtert. Dräi Sätz an der Täsch an dann esou dacks, esou no drun en Saatz ze gewannen, cf Detail vun den Resultater (Tabell ennen). Dir hudd en Tie-Break erzwongen mat der Chance op en Matchgewënn an och d'Mission 300 mat 373 Punkten oofgeschloss. Donieft hudd der Iech och an de Player Awards méi wéi ee mol verdéngt gemaach!

Mir si begeeschtert a soen Iech MERCI.

    Result Set Details Total Set Mission 300 Awards
LuxembourgLUX NetherlandsNED 1 - 3  25:22 16:25 20:25 15:25 76 - 97 76 3 / 5
SlovakiaSLO  LuxembourgLUX 3 - 0 25:17 27:25 26:24 78 - 66 66 5 / 5
LuxembourgLUX AustriaAUT 0 - 3 24:26 23:25 20:25 67 - 76 67 2 / 5
LuxembourgLUX Republic of MoldovaMDA 2 - 3 23:25 25:22 16:25 25:22 12:15 101 - 109 101 3 / 5
GreeceGRE LuxembourgLUX 3 - 0 25:19 25:23 25:21 75- 63 63 1 / 5
          373 14 / 25

 Weider Detailer an Match Berichter fannt dir och op letzvolley.lu.

  • Created on .
  • Hits: 1647