voleyball.lu redesign and update
Leif Volleyballer an Volleyball Interesséiert,
Haut, den 16 Mee 2013, kruut volleyball.lu en néit Ausgesinn, souwuel ein Fotos Gallerie wéi och eisen Newsblog. Mee net nëmmen d'Ausgesinn huet geännert, mee et ass eng ganz Réih un Ännerungen an der lëscht geschitt.
- Mir sinn op méi schnell Serveren emgeklommen, bei root.lu. Soumat sollten d'Saiten elo méi schnell lueden.
- Och d'Software vun Gallerie an Newsblog ass elo up-to-date an soumat goufen och Sëcherheetlücken geschloss
- En néien Design gouf et och
Ech hoffen iech gefällt daat neit Gesiicht vun volleyball.lu. Ech fréen mech iwert all Feedback.
Elo wou den techneschen Deel ofgeschloss ass, muss nach e bessi Contenu vum aalen Site op den néien migréiert ginn. dësst kann nach e bessi Zäit an unsproch huelen.
Ech profitéieren och vun der Gelegenheet en Opruff un iech all ze starten:
Mir brauchen äer Hëllf! Hues du Fotoen, dei eppes mat Volleyball ze din hun, an du wëlls se mat der Volleyball Community Deelen? Dann mell dech w.e.g. bei eis, an gëf volleyball.lu Fotograf.
Mir wënschen vill Spass beim Surfen.
Tags: volleyball.lu