Skip to main content

D'Léit hannert...

...den Fotoen

seelen ze gesinn an dach oft present an den Sportshalen queesch duerch d'Land, ëmmer beméit fir iech déi schéin Momenter, Emotiounen an Spillaktiounen am Bild festzehalen. Op der Foto sinn dräi vun hinnen ze gesinn (Merci Mexx fir deng Foto!), mee et sinn der awer nach vill méi, deenen mir einfach mol MERCI soen wëllen, fir déi vill Stonnen an den Halen, an awer och Doheem virum Computer fir d'Fotoen ze verschaffen an eropzelueden.

Wëlls och du matschaffen? Dëst kann am Beräich Fotoen maachen, Texter schreiwen, Websäiten administréieren oder sos eng Hand mat upaken sinn, ma dann mell dech einfach bei eis. Fir frëen eis iwwer all Hëllef.

BE PART OF THE TEAM

  • Created on .
  • Hits: 1878

Happy New Year

d'Equipe vum volleyball.lu wënscht allen Volleyballbegëschterten eng Gutt Gesondheet, vill Spaass um Terrain oder an den Tribünen an nëmmen dat Bëscht fir dat néi Joer 2018.

Och soen mir deenen Léit Merci déi eis säit Joren ënnerstëtzen, sief et duerch hier Mataarbecht oder och finanziell an den Projet volleyball.lu um lafen halen. Awer och deenen villen Leit, déi reegelméisseg bei eis um Internetsite laanscht kommen an d'Fotoen kucken.

  • Created on .
  • Hits: 1123

3.000.000 views

En néien Meilenstein ass den 24.11.2016 errecht!

3.000.000 Views op Fotoen dei op volleyball.lu eropgelueden goufen. Hei en Groussen MERCI un all d'Fotografen, eis Partner an begeeschtert Volleyball Fans! Ouni iech wir dëssen Erfolleg net méigelech.

Key Facts:

56.365 photos online

794 covered events

56,07 GB used disc space

  • Created on .
  • Hits: 1296

Happy New Year

volleyball.lu wënscht allen Volleyballbegëschterten eng Gudd Gesondheet, en Gudden Rutsch an nemmen daat Bëscht fir daat néi Joer 2017.

  • Created on .
  • Hits: 1279

PHOTOstream Modul

d'Fotoen direct op ärer Websäit

Ab September steht den neien PHOTOstream Joomla Modul zur Verfügung. Mat e puer Klicks an ouni Programméier-kenntnisser kennt dir d'Fotoen (op volleyball.lu) vun ärem Club an ären Joomla-Internet Site anbannen. Soubal en néien Album op volleyball.lu online geht, deen eppes mat ärem Club ze dinn huet, ass en och am selwechten Moment op ärer Websäit disponibel.

Einfach hei eroflueden an installéieren. Den Club, d'Unzuel vun den Fotoen auswielen, an schon's kann et lass goen. All Websites dei vun volleyball.lu Administréiert ginn, hun déi läschten Versioun schon's installéiert.

Den Modul get och automatesch bei Bedarf upgedated, waat och mat engem Klick fonktionnéiert.

Dir hutt nach Froen, zëckt net fir eis ze schreiwen.

PHOTOstream,

  • Created on .
  • Hits: 1668