Skip to main content

JPEE 2015 - Beach Team Angelsberg / Belhaouci

Seit 4 Joer sin mir lo am Sand aktiv an haten eis deen Moment Zil gesaat 2015 an Island em Medaillen matzekämpfen. Dat dest och no 4 Joer een ambitionéiert Zil ass, war eis kloer an trotzdem werten mir alles gin fir dest ze erreechen. Mat gudden Resultater op den Tournoien, mat als Heichpunkt dem Titel am Beach-Championnat gin mir optimistesch an motivéiert op Spiller vun den klengen Länner.

An eiser Pool spillen mir geint Liechtenstein, Gewenner vun 2013, an Monaco. Die zweet Pool besteet aus Zypern, Andorra, San Marino an Island. Et wert een harden Kampf em Medaillen gin. An enger eischter Phas gellt et sech fir Halleffinalen ze qualifizéieren.

Déi läscht Woch virun den JPEE wert nach eemol intensiv trainéiert gin. Mat engem A-Tournoi zu Marl an Daitschland, engem organiséirten Tournoi vun ais géint verschidden letzebuergesch an auslännesch Equipen an weideren Traininger am Sand fir schlussendlech Sonndes mam Fliger op Reykjavik.

Falls dir wellt digital dobai sin dann kuckt op eiser Facebook-Sait laanscht do werten mir iech iwert alles uptodate haalen.

https://www.facebook.com/pages/Beachduo-deLUX-AngelsbergBelhaouci/283785915057375

Keep the ball flying

LUX BEACH TEAM

  • Created on .
  • Hits: 2263