Skip to main content

JPEE 2013 - Beach Team Presentation: Women

volleyball.lu présentéiert iech eis Beach Dammen Equipe:

Norma Zambon / Anne Grethen

BeachLions-LogoSäit Januar si mer total op d’Spiller vun den klengen Länner focuséiert. Während de Meint Januar a Februar hu mer d’Grondbasis am Kraftraum geluecht. Fir d’éischt stungen mer d’Fuesvakanz an der Beachhal zu Köln am Sand an hun eis lues a lues an d’Beachtechnik erageschafft.

Säit 1. März gouf bei all Wieder 2x d’Woch am Sand an 2x d’Woch am Kraftraum geschafft. Während der Ouschtervakanz ass et zesummen mat den Jongen op e Beachcamp op Cesenatico bei de Max Meier gaangen wou weider un der Technik geschafft gin ass.

Säit Ouschteren hu mer 3x d’Woch Training zu Ceisseng am Sand (e grousse Merci un VdL) an 2x Muskulatioun. Och e groussen Merci un d’Ina an d’Myriam déi bei all Wieder un eiser Säit stin.

No de villen Kilometeren am Sand lafen an Sand „iessen“, ass et elo un der Zäit Mätchpraxis ze kreien! Bis elo stin eng 8. Plaatz zu Gembloux an eng 13. Plaatz zu Bréissel am Palmares.
 

Programm bis zu den JPEE:
  • 8.–12.5.2013 Stage mat 2 schwäizer an 2 däitschen Equipen zu Wellesteen
  • 18.5.2013 Galamätch zu Remerschen
  • 20.5.2013 Preparatiounstournoi um offiziellen Terrain vun den JPEE bei der Coque
  • 25.5.2013 Preparatiounstournoi um offiziellen Terrain vun den JPEE bei der Coque
Objektiv fir d’JPEE:
Objektiv as secherlech eng Podiumsplaatz. Wat mei heich op der Treppchen wat besser. Eis Geigner sin awer net ze ennerschätzen an vir déi meeschten leider nach inconnu. Also kann di eng oder aner Iwerraschung kommen.

Där kennt eisen Wee bis zu den JPEE an och de Parcours während de Spiller op Facebook verfollegen. Mär fréen eis iwwer all Message an hoffen iech all vum 27.5.-01.06.2013 an der Beacharena bei der Coque gesin. 

Player facts:

2013 JPEE anne   2013 JPEE norma
Anne GRETHEN   Norma ZAMBON
13.07.1978 Date of birth 29.05.1978
1,71 m Height 1,79 m
Defense Position Block
2 Shirt Nr. 1
Respect all. Fear None. Motto Fight till the end
Coaches: Pascal Hens & Michel Beautier

Patrticipating countries:

Pool A   Pool B
Cyprus CYP Cyprus   Andorra AND Andorra
Malta MLT Malta   Island ISL Island
Monaco MON Monaco   Liechtenstein LIE Liechtenstein
        Luxembourg LUX Luxembourg

Match table:

DayDateTimeTeam A-Team BResultPhotos
Tuesday 28.05.2013 17:00 Andorra Andorra - Luxembourg Luxembourg  0 - 2  
Wednesday 29.05.2013 17:00 Luxembourg Luxembourg - Island Island  2 - 0  
Thursday 30.05.2013 17:00 Liechtenstein Liechtenstein - Luxembourg Luxembourg  1 - 2  
Saturday 01.06.2013 14:00 (Final)            

JPEE, 2013, Beach, Zambon, Grethen

  • Created on .
  • Hits: 3730