Skip to main content

JPEE 2013 - Are you ready for the games?

15. JPEE form 27.05 to 1.06.2013 in Luxembourg

2013 JPEEEn ganz besonnegen Héichpunkt fir eis Sportler sinn d'Spiller vun den kléngen Länner, déi dëst Joer zu Lëtzebuerg ausgedroen gin. Et ass ëmmer eng super Atmosphère déi bei den Spiller opkënnt, also profitéiert dervun, an kommt all eis Sportler ënnerstetzen.


Aus Volleyballer Siicht sin 4 Equipen um Départ. Jeweils eng Dammen an Hären Equipe an der Haal, awer och am Sand, déi ëm d'Medailen kämpfen.
Hei eng Présentatioun vun den Equipen. D'Beach Teams sinn bekannt, awer ween an der Haal mat um Départ ass, gin mir bestëmmt och baal gewuer vum Nationaltrainer. Wann et dann souwäit ass publizéieren mir dës och héi um Site.

Weider Informatiounen zu den Spiller fannt dir um Site http://www.luxembourg2013.lu an vun den Volleyballer op http://www.flvb.lu.

Op volleyball.lu beim Event derbäi sinn kann, steht nach an den Stären. Den COSL huet eis eng Ofsoo erdeelt, well volleyball.lu keen offiziellt Presseorgan ass. Eng Demande bei der FLVB ass angereecht, an d'Méigelechkeet besteht, dass eventuell eis hier zur verfügung gestallten Accreditatioun un volleyball.lu verginn get.

UPDATE: volleyball.lu ass derbäi. D'FLVB huet eis als Photograph zerëckbehaalen, an ech probéieren en Maximum un Matcher ze couvréieren. Merci un d'Fédératioun fir daat Vertrauen!

JPEE, 2013

  • Created on .
  • Hits: 2213